• Startseite
  • Das Zentrum
  • Vorsorgeuntersuchung
  • Gesundheitspsychologie
  • Blog
  • Kontakt
  • Deutsch
    • Französisch
    • Englisch
.+352 263 69210
.info@gesondheetszentrum.lu
Newsletter
Fondation HRS est l’unique actionnaire de GESONDHEETS ZENTRUM
Die Fondation HRS ist die einzige Aktionärin von GESONDHEETS ZENTRUM.
The HRS Foundation is the sole shareholder of GESONDHEETS ZENTRUM.
  • Startseite
  • Das Zentrum
  • Vorsorgeuntersuchung
  • Gesundheitspsychologie
  • Blog
  • Kontakt
  • Deutsch
    • Französisch
    • Englisch
  • Startseite
  • Das Zentrum
  • Vorsorgeuntersuchung
  • Gesundheitspsychologie
  • Blog
  • Kontakt
  • Deutsch
    • Französisch
    • Englisch
  • Startseite
  • Das Zentrum
  • Vorsorgeuntersuchung
  • Gesundheitspsychologie
  • Blog
  • Kontakt
  • Deutsch
    • Französisch
    • Englisch
  • Startseite
  • Das Zentrum
  • Vorsorgeuntersuchung
  • Gesundheitspsychologie
  • Blog
  • Kontakt
  • Deutsch
    • Französisch
    • Englisch
  • Startseite
  • Das Zentrum
  • Vorsorgeuntersuchung
  • Gesundheitspsychologie
  • Blog
  • Kontakt
  • Deutsch
    • Französisch
    • Englisch

Tabac-stop

Interview mam Herr Théo Wagner, deen mat Hëllef vum ZithaGesondheetsZentrum opgehalen huet mat fëmmen:

Wei laang a wei vill hudd Dir gefëmmt?

Ech hu mat 15 Joer ugefaang ze fëmmen. Et ass séier méi ginn, een, zwee, schlussendlech dräi Päck den Dag, déi ech während 37 Joer gefëmmt hun. D’Zigarette wor iwwerall dobäi, an z.B. méi wichteg wei moies eppes iessen.  Wann ech keng hat, oder och nëmme gemengt hun et géing net duer goen mat de Päck déi ech a Stange kaaft hunn, sinn ech Kilometer gefuer, och nuets, fir der ze kafen… Ech hu gemengt ech bräicht se wei d’Loft ze ootmen… Ech hunn net gemengt ech kéint jee ophalen mat fëmmen, ech hunn net emol gemengt ech wéilt iwwerhaapt jeemools ophalen…

Waat huet Iech am Bëschten gehollef am ZGZ?

Ech wollt eppes Gutts fir mech maachen mat dem Cours. Dat wor, mengen ech, schonn emol eng gutt Viraussetzung. Ech hu mech och zu kengem Moment ënner Drock gefillt dëst oder dat ze maachen, oder net ze maachen, dat wor mir och wichteg. Am beschten gehollef huet mir, mech zesummen mat der Therapeutin iwwert meng Motivatiounen ze fëmmen engersäits an opzehalen an net ze fëmmen anerersäits „de vive voix“ ausenaner ze setzen. Eppes haart ausschwätzen ass eppes anescht wéi et just am Kapp ronderëmdréinen. Wann ech z.B.ausgesprach hunn, et géif mech stéieren ofhängeg ze sinn, oder mir an aneren a mengem Ëmfeld ze schueden, oder och gär gefemmt ze hunn, dann hat dat eng aner Qualitéit wéi wann ech just doriwwer nogeduecht hunn. Dat wor fir mech wichteg, an efficace wéi et schéngt.

Wei laang fëmmt Dir lo schon net méi?

Ech fëmmen elo säit bal siwen Méint net méi, benotzen allerdéngs nach Nikotinersatzproduiten, „das mindere Übel“… Ech si frou opgehal ze hunn, an dat obschonns ech haut nach soen, dass ech leidenschaftlech gären Tubak gefëmmt hunn. Doru wäert sech och näischt änneren. Genee sou genéissen ech et awer och elo net méi ze fëmmen, – net méi fëmmen ze mussen! – an déi vill aner Virdeeler, déi dat fir mech an och fir déi ronderëm mat sech bréngt.

Wat war positiv a wat war négativ um Cours?

Negativ hunn ech nëmmen op den éischte Moment eng Rei vun Informatiounen fonnt, déi een schonn honnert Mol héieren huet, iwwert d’Schiedlechkeet vum Fëmmen, iwwert de Gestank etc. Mee se woren schlussendlech awer net ëmsoss, et geheit nach e puer ganz gutt Argumenter an d’Woschuel fir weiderzefëmmen oder eben opzehalen. Wat d’Konsequenzen op d’Gesondheet ubelaangt wier et villäicht sënnvoll nach méi vun engem Dokter gewuer ze ginn. Aus dësem fir mech eenzegen Kritikpunkt kennt Dir also schléissen, dass mäi Resumé duerchaus positiv ass! Hëllefräich woren nieft der Ausenanersetzung mat de Motivatiounen déi ech schonns ernimmt hat, „d’Hausaufgaben“, z.B. all eenzel Zigarett opschreiwen a kucken a wat fir engem Kontext ech déi gefëmmt hunn. Dann och Alternativen, Verhalensännerungen an Aktivitéiten, déi beim Ophalen hëllefen (ech hunn z.B. amplaz vum Espresso Téi an Kakao gedronk an hun den Dag moies anescht ugefaang wéi soss mat Zigarett a Kaffi). D’Moossen vun de Longenwäerter an de Fortschrëtt deen ech am Laf vum Cours konnt gesinn. D’Ënnerstëtzung duerch e Medikament, dat besonnesch am Ufank den „Ofsprong“ erliichtert huet. De regelméissegen Austausch iwwert all déi Wochen, an dat an engem ganz angenehme flotten Kader mat enger frëndlecher a kompetenter Equipe. Dat sinn e puer vun den Elementer déi mir gutt gehollef hunn.

GesondheetsZentrum

Médecine préventive : +352 263 69210, +352 263 69220

Psycho & Coaching : +352 263 69230

+352 2888-4949

info@gesondheetszentrum.lu

44 rue d’Anvers L-1130 Luxembourg.

Zugang durch das Parkhaus, blaues Gebäude

Presse

Presseberichte über uns: Presse

Die Fondation HRS

Weitere Informationen über die FHRS

Newsletter






Check your inbox or spam folder to confirm your subscription.

GesondheetsZentrum| Web Design and Service made in Luxembourg provided by done. | Disclaimer
    Deutsch
    • Deutsch
    • Französisch
    • Englisch
      Wir verwenden Cookies auf unserer Website, um Ihnen die bestmögliche Erfahrung zu bieten, indem wir uns an Ihre Präferenzen und wiederholten Besuche erinnern. Wenn Sie auf "Alle akzeptieren" klicken, erklären Sie sich mit der Verwendung ALLER Cookies einverstanden. Sie können jedoch die "Cookie-Einstellungen" besuchen, um eine kontrollierte Zustimmung zu erteilen.
      Cookie SettingsAlle akzeptieren
      Manage consent

      Privacy Overview

      This website uses cookies to improve your experience while you navigate through the website. Out of these, the cookies that are categorized as necessary are stored on your browser as they are essential for the working of basic functionalities of the website. We also use third-party cookies that help us analyze and understand how you use this website. These cookies will be stored in your browser only with your consent. You also have the option to opt-out of these cookies. But opting out of some of these cookies may affect your browsing experience.
      Necessary
      immer aktiv
      Necessary cookies are absolutely essential for the website to function properly. These cookies ensure basic functionalities and security features of the website, anonymously.
      CookieDauerBeschreibung
      cookielawinfo-checkbox-analytics11 monthsThis cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Analytics".
      cookielawinfo-checkbox-functional11 monthsThe cookie is set by GDPR cookie consent to record the user consent for the cookies in the category "Functional".
      cookielawinfo-checkbox-necessary11 monthsThis cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookies is used to store the user consent for the cookies in the category "Necessary".
      cookielawinfo-checkbox-others11 monthsThis cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Other.
      cookielawinfo-checkbox-performance11 monthsThis cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Performance".
      viewed_cookie_policy11 monthsThe cookie is set by the GDPR Cookie Consent plugin and is used to store whether or not user has consented to the use of cookies. It does not store any personal data.
      Functional
      Functional cookies help to perform certain functionalities like sharing the content of the website on social media platforms, collect feedbacks, and other third-party features.
      Performance
      Performance cookies are used to understand and analyze the key performance indexes of the website which helps in delivering a better user experience for the visitors.
      Analytics
      Analytical cookies are used to understand how visitors interact with the website. These cookies help provide information on metrics the number of visitors, bounce rate, traffic source, etc.
      Advertisement
      Advertisement cookies are used to provide visitors with relevant ads and marketing campaigns. These cookies track visitors across websites and collect information to provide customized ads.
      Others
      Other uncategorized cookies are those that are being analyzed and have not been classified into a category as yet.
      SPEICHERN & AKZEPTIEREN