Interview mam Herr Théo Wagner, deen mat Hëllef vum ZithaGesondheetsZentrum opgehalen huet mat fëmmen:
Wei laang a wei vill hudd Dir gefëmmt?
Ech hu mat 15 Joer ugefaang ze fëmmen. Et ass séier méi ginn, een, zwee, schlussendlech dräi Päck den Dag, déi ech während 37 Joer gefëmmt hun. D’Zigarette wor iwwerall dobäi, an z.B. méi wichteg wei moies eppes iessen. Wann ech keng hat, oder och nëmme gemengt hun et géing net duer goen mat de Päck déi ech a Stange kaaft hunn, sinn ech Kilometer gefuer, och nuets, fir der ze kafen… Ech hu gemengt ech bräicht se wei d’Loft ze ootmen… Ech hunn net gemengt ech kéint jee ophalen mat fëmmen, ech hunn net emol gemengt ech wéilt iwwerhaapt jeemools ophalen…
Waat huet Iech am Bëschten gehollef am ZGZ?
Ech wollt eppes Gutts fir mech maachen mat dem Cours. Dat wor, mengen ech, schonn emol eng gutt Viraussetzung. Ech hu mech och zu kengem Moment ënner Drock gefillt dëst oder dat ze maachen, oder net ze maachen, dat wor mir och wichteg. Am beschten gehollef huet mir, mech zesummen mat der Therapeutin iwwert meng Motivatiounen ze fëmmen engersäits an opzehalen an net ze fëmmen anerersäits « de vive voix » ausenaner ze setzen. Eppes haart ausschwätzen ass eppes anescht wéi et just am Kapp ronderëmdréinen. Wann ech z.B.ausgesprach hunn, et géif mech stéieren ofhängeg ze sinn, oder mir an aneren a mengem Ëmfeld ze schueden, oder och gär gefemmt ze hunn, dann hat dat eng aner Qualitéit wéi wann ech just doriwwer nogeduecht hunn. Dat wor fir mech wichteg, an efficace wéi et schéngt.
Wei laang fëmmt Dir lo schon net méi?
Ech fëmmen elo säit bal siwen Méint net méi, benotzen allerdéngs nach Nikotinersatzproduiten, « das mindere Übel »… Ech si frou opgehal ze hunn, an dat obschonns ech haut nach soen, dass ech leidenschaftlech gären Tubak gefëmmt hunn. Doru wäert sech och näischt änneren. Genee sou genéissen ech et awer och elo net méi ze fëmmen, – net méi fëmmen ze mussen! – an déi vill aner Virdeeler, déi dat fir mech an och fir déi ronderëm mat sech bréngt.
Wat war positiv a wat war négativ um Cours?
Negativ hunn ech nëmmen op den éischte Moment eng Rei vun Informatiounen fonnt, déi een schonn honnert Mol héieren huet, iwwert d’Schiedlechkeet vum Fëmmen, iwwert de Gestank etc. Mee se woren schlussendlech awer net ëmsoss, et geheit nach e puer ganz gutt Argumenter an d’Woschuel fir weiderzefëmmen oder eben opzehalen. Wat d’Konsequenzen op d’Gesondheet ubelaangt wier et villäicht sënnvoll nach méi vun engem Dokter gewuer ze ginn. Aus dësem fir mech eenzegen Kritikpunkt kennt Dir also schléissen, dass mäi Resumé duerchaus positiv ass! Hëllefräich woren nieft der Ausenanersetzung mat de Motivatiounen déi ech schonns ernimmt hat, « d’Hausaufgaben », z.B. all eenzel Zigarett opschreiwen a kucken a wat fir engem Kontext ech déi gefëmmt hunn. Dann och Alternativen, Verhalensännerungen an Aktivitéiten, déi beim Ophalen hëllefen (ech hunn z.B. amplaz vum Espresso Téi an Kakao gedronk an hun den Dag moies anescht ugefaang wéi soss mat Zigarett a Kaffi). D’Moossen vun de Longenwäerter an de Fortschrëtt deen ech am Laf vum Cours konnt gesinn. D’Ënnerstëtzung duerch e Medikament, dat besonnesch am Ufank den « Ofsprong » erliichtert huet. De regelméissegen Austausch iwwert all déi Wochen, an dat an engem ganz angenehme flotten Kader mat enger frëndlecher a kompetenter Equipe. Dat sinn e puer vun den Elementer déi mir gutt gehollef hunn.